
Gedichter
Vum M'Reie Lex
Gespréich
Gaston Mathey
Textes en français et Lëtzebuergesch
Expressions savoureuses relevées pour une pièce de théâtre:
Du Näischnotz do !
Du bas dee Schlechstendeen an denger haut stéckt.
Du an der Däiwel
Mach de Geck nit mat dengen ale Sclappen !
Ech an du, an Zäre Su, a Mëllech Béier, sin eiser Véier.
En Dudderheng sid Dir. En Dudderheng as en Däiwel an Ziwwil.
Du hues Bräi am Kapp
Du Branntewäinskessel !
Du geprafften Äfalt!
Häerzgeblimmelchte Bratzelstack.
Gedäässems ëm eis Sprooch
mam M'Reie Lex
1.
Et gët allerlee Leit op der Welt... dat muss ee gutt verstoen !
Déi Eng si géint alles; Aner si fir alles ! Soen déi eischt "Weiss", da soen déi aner "Schwaarz"...
Fir eis Sprooch as et och esou ! Wat Saache muss een do héieren ! E Koup Leit soe mer ëmmer dat elei :
"Je ! dat as jo schéin a gutt mä eis Sprooch as awer schwéier liésen !"
Deenen äntweren ech dat hei :
"Da kommt... ech léieren iech eis Sprooch liésen !"
An elo geet et un.
A, B, C, d'Kaz leeft an d'Strei, si brécht sech den Hals
Si geet bei de Koschter, do krit si e Glas Moschter,
Si geet an d'Stad, do kritt si eng op de Bak,
Si geet an d'Bett, do kritt si eng op de Läpp.
2.
Mer hu jo nach nët alles vergiess vun eiser Schreifweis ?
Mer kënnen och nach eis Vokale liesen ?
Neen ! Dann huelt séier d'Nummer een erëm bei Hand a kuckt emol no !
Haut versiche mer d'Konsonnanten ze liesen.
D'Maus leeft an d'Strei,
d'Kaz leeft er no,
't As keng Maus méi do !
3.
Vill Leit wëllen elo scho méi séier goen !
Mir hun awer nach a bëssen ze léieren wir al Wuert gutt ze liesen.
lues a lues komme mer jo un d'Enn!
Ech wël haut Iech e bësselchen vun de duebel Vokale scwätzen.
Schneit der Kaz de Schwanz erof
Schneit et nët ganz erof,
Loos er nach e Wippche stoen
Datt se nach ka spazéiere goen !
4.
Et geet och nët duer mat Gromperen setzen, 't muss een och dra kappen goen.
Esou as et och mat eiser Schreifweis. Mer hun elo schon e puer Saache geléiert.
Dës Kéier gët emol richteg geliés.
Wann et nët ëmmer richteg geet... da liést si haart a kuckt nët nom Noper, hie meet och esou !
Deen et maache kann, hält een Hond,
Deen et besser kann, hält der zwéin,
Deen et nët maache kann, billt selwer.
5.
Hei elei gi mer ëmmer méi wäit an d'Sprooch eran. Et geet och ëmmer besser mat Iech an ech si bal sécher dass Der dat elo scho méi liicht fannt.
Elo wëll ech Iech och nach d'Duelbellauter léiere liésen. Duebellauter muss ee duebel liésen, dat heesch all Buschtaf muss ausgedréckt gin.
Da loosse mer elo emol dat ufäänken !
"Bal as nach laang keen Hues gefaang"
"Wuer Gott setzt en Hues, duer setzt en och e Wues."
"Bas du béis ? Da leck der Kaz de Kéiss ! "
6.
Maacht Iech keng Suerg et sin nach e puer Duebellauter do.
Wéi ? As et nach ze schwéier ? Dat ka jo nët sin !
Der braucht si nëmmen aus ze spriéchen wéi si geschriwwe sin !
Déi aner Kéier fäänke mer ërem un all mateneen.
Vun hei bis duer léiert Der dës nach an da wäert Der gesinn da geet et besser.
"Dee mam Hond schloofe geet, steet mat Fléi op !"
"Schei wéi en Hond liéft wéi en Här
a schei wéi en Här liéft wéi en Hond !"
Ce texte a servi de base à une publication dans l'encart So mer 't paru dans l'Avenir du Luxembourg en 1980


