top of page

Gedichter

 

Vum M'Reie Lex

Gespréich

Gaston Mathey

Textes en français et Lëtzebuergesch

Gespréicher à écrire, à dire

mam M'Reie Lex
Virun der Butteksdir

- Moien ! De Buttek as nach nët op !

- Ma ! Ech gesinn ! Wat fir een Dag si mer dann haut ?

- Haut si mer Samschdeg !

- Um wéivilll Auer maache si am Samschdes op ?

- Ech gesinn hei steet néng Auer geschriwwen.

- Wéivill Auer as dann elo ? As nach keng néng Auer ?

- Neen, et as nëmme fënnef bis néng.

- Da brauche mer nët laang méi ze waarde bis et op geet.

- E Gléck, 't as nët kal haut ! 

- Jo, dat as wouer.  Et war elo all Dag mueres kal.

- An esouguer de ganzen Dag.  Et hat emol vill Leed gutt ze gin.

- Awer virgëscht war et nach am kaalsten !

- Jo, d'waasser, hannert dem Haus, war gefruer !

- Et war de ganzen Dag kal.

- D'Lescht Woch war gutt Wieder mä dës Woch as et kal gin.  A fir d'nächst Woch annoncéiere si erëm Reen.

- An an zwou Wochen hun ech d'ganz Woch Congé, de wäerd et erëm schlecht Wieder gin !

- Firwat, huet Dir keng Chance mam Wieder ?

- Neen ! All Kéier wann ech Congé hun da changéiert d'Wieder zum Schlechten.

- Elo schléit d'Auer ! Et as d'Stonn !

- Kënnt awer nach keen opmaachen !

- Wéi laang soll dat nach doueren ?

- Eng aner Kéier kommen ech méi Spéit da brauch ech nët méi hei ze stoen.

- Sid Dir da scho laang hei ?

- Ma gewëss dat do.  Ech sti schon eng halef Stonn hei.

- Wéi dat dann ?

- Ech hu gemengt de Buttek wir um acht Auer op.

- Neen dat as an der Woch mä Samschdes as e méi spéit op.

- Jo. elo hun ech dat gesinn.

- A, do kënnt een d'Dir opspären.

- Elo kenne mer agoen a äis e bëssi wiermen.

- Jo wëll dat si mer och néideg.

- Sou dann e schéine Weekend a vläicht bis eng aner Kéier.

- Gläichfalls ! a wie weess ! Addi !

 

 

Ce site utilise des cookies.  Vous pouvez les supprimer via votre navigateur.

Vos données, lorsque vous remplissez le formulaire de contact ou nous contactez par mail ne servent qu'à vous informer de nos activités.  Vos données ne seront jamais communiquées à des tiers.  Vous avez le droit de vous désabonner, de demander que l'on ne vous envoie plus de mail et de demander à voir les données qui vous concernent.  Vous avez le droit de demander le retrait d'une photo si vous y figurez, ou de demander à ce que votre visage soit flouté.  Utilisez le formulaire de contact à cet effet.

copyright 2018 Yolande et Rudy Mathey

bottom of page