top of page

Gedichter
Vum M'Reie Lex
Gespréich
Gaston Mathey
Textes en français et Lëtzebuergesch
Looss dach nit !
M'Reie Lex
O! Papp, looss dach nit
Déng Sprooch sou kräichen,
Verspotten a verknaschten.
a ganz fortgoen.
O! Papp, firwat nit
Déng Sprooch schwätzen,
Soen, schnëssen,
Rieden, bir'len
a gutt versuergen ?
O! Mamm, looss dach nit
Déng Sprooch sou kräichen,
Versoen a versenken,
Verpechten a verdrecken
a ganz verdreiwen
O! Mamm, firwat nit
Déng Sprooch schwätzen
Hur'len, brëllen,
Ruffen, pëschp'ren
a gutt verséch'ren ?
O! Kand, looss dach nit
Déng Sprooch sou kräischen,
Zoudecken a verschäissen,
Versprëtzen a verschnëssen
a ganz verschwannen.
O! Kand, firwat nit
Déng Sprooch schwätzen,
Jäitzen, bradd'len,
Tuddelen, sabb'len
an haart babbelen ?
bottom of page