
Gedichter
Vum M'Reie Lex
Gespréich
Gaston Mathey
Textes en français et Lëtzebuergesch
Wann de Wäschbur ërem erziélt!
Sollen d'Blällen ërem sangen?
M'Reie Lex
Wa mer duurch d'Geschicht zéien a wëllen e bësse nokucken firwat d'Leit, fréer, sech hier léiwer wéi duer nidder gesat hun, op dës Kopp, an déi Dällt, hannert déi Knupp oder bei dëse Fluss hir Häife gebaut hun, an duerno hir Häiser an Dierfer, do muss een unhuelen dass et wéint dem Waasser war.
Ëmmer war de Méinsch Waasser néideg. War et fir ze dréinken, ze wäschen, a fir seng Béischten den Duuscht ze läschen.
A Géigende, wéi am Arelerland, kënne mer roueg soen, hat d'Plaz vun der Waasserquell vill ze bedeiten an der Grënnung vun eiser Dierfer.
Wou läit dann ee Duerf dat kee Bur, Pëtz oder Waassertrach hat ? A wann zoufälleg eent Duerf esou besteet da lääft nët wät eng kleng Baach.
D'Waasser huet och gemeet dass al Häiser an den Uerschafften esou no anenän läie. All Duerf as opgeriicht redërem, hei de Bur, do de Pëz, dohanne laanscht der Baach. All Haus huet bal en A op d'Waasser.
Dacks huet de Méinsch d'Waasser nach déif an de Buedem musse siche goen.